Serie "Eis Sponsoren" - BBS & Schumacher Immobilien


25 February 2021

Wann e Schumacher um Terrain fir den T71 aktiv war, dann ass do meeschtens eppes Guddes dobäi erauskomm: keen Titel bei den Hären ouni e Schumacher an der Line-up. Mee säit kuerzem ass souwuel d’Baufirma Bob Schumacher (BBS) wéi och Schumacher Immobilien Sponsor vum T71!

BBS gouf 2020 gegrënnt an ass an de Beräicher Neibau, Renovatioun an Aussenanlagen doheem. Dozou gehéieren d‘Alentouren wéi z.B. Entréeën, Terrassen, Maueren, Drainage mee och nei Konstruktiounen oder Transformatiounen.

Schumacher Immobilien gouf schonns 2014 gegrënnt an huet sech op d‘Vente vun Immobilien souwéi der Promotioun vun neie Projetë spezialiséiert. Och „Clé en main“ gehéiert dozou, grad wéi de Kaf a Verkaf vu Büroen an Terrainen.

Hier Kontaktdaten:
Baufirma Bob Schumacher
9 Rue de Lebork
L-3584 Dudelange
Tel.: 621 611 999
bbs@internet.lu                                        

Schumacher Immobilien
9 Rue de Lebork
L-3584 Dudelange
Tel.: 26 56 82 81
GSM: 621 701 889