Serie "Eis Sponsoren" - den Atelier


18 February 2021

Den Atelier ass eng vun deene bekannteste „locations" an der Groussregioun wou regelméisseg international Bands optrieden. Gegrënnt gouf den Atelier an den 1990er. Un sech ass et eng al Renault-Garage zu Hollerech wou d'Optrëtter stattfannen, dofir dann och den Numm „Atelier". Och si si Partner vum T71 an hoffen - wéi jidderee vun eis - dass mer iergendwan de Wee an d'Normalitéit zeréckfannen... an och nees op e Concert goe kënnen. Dofir denkt an Zukunft och un den Atelier wann der rem eng Kéier net wësst wéi ee Cadeau der engem Bekannten oder Kolleeg maache wëllt. Oder gitt selwer an en Concert!

Hier Kontaktdaten:
den Atelier
54 Route de Hollerich
L-1740 Luxembourg
Tel.: 495 485-1
www.atelier.lu