Serie "Eis Sponsoren" - Holzspiecht


23 February 2021

Och säit enger Rei Joeren ass Den Holzspiecht Partner vum T71! De „Spiecht“ ass de richtege Expert wann et drëms geet e sécheren a flotte Wunnraum ze schafen. Säit iwwert 25 Joer vertrauen d’Clienten dem Holzspiecht hier Wënsch un. D’Famill Kaufmann ass fir iech do, an dat mat Fënsteren an Hausdieren, enger ganz individueller Veranda, Markisen oder Wantergäert, Gelänneren a Paarten a villes méi am a ronderëm Äre Gaart an Haus. Si huelen sech gär Zäit fir Iech ausféierlech an individuell ze beroden, an deemno eng optimal Léisung ze fannen déi bei Iech an Äre Budget passt. Denkt also och un si wann Der rem eng Kéier Aarbechten am Gaart oder Haus plangt.

 

Hier Kontaktdaten:

Den Holzspiecht

14 Rue de Limpach

L-3932 Mondercange

Tel.: 55 09 99

www.holzspiecht.lu

info@holzspiecht.lu