Serie "Eis Sponsoren" - Loterie Nationale


28 February 2021

No dem Enn an de 90er Joere vun der traditioneller Loterie mat monatlechen Zéiunge sinn nieft Rubbellousen, an dorënner de beléifte PICCOBELLO, stufewéis Lotto an Euromillions dobäikomm. Säit méi wéi elo 75 Joer bitt d’Loterie Nationale de Bierger flott Spiller un an huet sech am Lëtzebuerger Basket och en Numm gemeet mat der „Loterie Nationale Coupe de Luxembourg“ ënnert anerem. Mee „spillen“ bedeit hei och eppes fir de gudden Zweck ze maachen: de Benefice vun der Loterie Nationale gëtt via l’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte gestëft, haaptsächlech fir Fondatiounen an Associatiounen déi a Beräicher wéi Solzialem, Kultur, Sport-Gesondheet an Emwelt aktiv sinn. Fir der Loterie Nationale hierem Motto „Pour que le jeu reste un jeu“ trei ze bleiwen, hei nach eng kleng >Brochure< fir dass ee verantwortlech spillt.

Hier Kontaktdaten:
Loterie Nationale
18 Rue Léon Laval
L-3372 Leudelange
Tel.: 22 57 58-1
www.loterie.lu
info@loterie.lu