Virverkaf Amicale-T71


27 April 2022

Eis Hären an Damen spillen e Samschdeg (30.04.) hier éischt Finallen.

Eis Hären starten hier Missioun e Samschden um 20:30 zu Steesel.
Wéi schonns bei der Sparta an zu Esch krute mer och vun der Amicale feinerweis e Kontingent Tickets fir eis Supporter!
Där kënnt ab elo är Tickets reservéieren.
Schreift eis dofir wéi gewinnt e Mail un reservation@t71.lu, mat der Unzuel Tickets déi der braucht. Wichteg: Pro Ticket w.e.g. 1 Numm uginn (an net einfach "Ech brauch 3 Tickets" schreiwen).

De Präis ass 12€ fir Erwuessener, 8€ fir Studenten a Kanner ënner 16 Joer si gratis. Si brauchen awer en Ticket. Vergiesst also net jiddereen unzemellen. Studente mussen zu Steesel hier Studentekaart virweisen.

D’Tickets musst der dann e Samschdeg tëscht 11h00 an 12h00 an d’Hal Grimler bezuelen a siche kommen. Des Kéier kann net am Virfeld bezuelt ginn.
 
Dann erënneren mer awer och nach emol un eis Dammen. Si spillen e Samschdeg um 17:00 heiheem. Géint den aktuelle Coupe-Gewënner freeën si sech op all Ënnerstëtzung, dofir kommt och si ënnerstëtzen!
 
Fir dass jidereen ouni Stress béid Matcher kann kucken, bidde mer ee spezielle. service:
Um 19h00 (nom Damme-Match) fiert e Bus zu Diddeleng bei der Hal fort a bréngt d'Supporter op Steesel... an nom Match rem zeréck op Diddeleng. Dir kéint also Ären Auto zu Diddeleng stoe loossen a braucht och keng Parkplaz zu Steesel ze sichen. De Service kascht 5€ op de Kapp, ze bezuelen e Samschdeg wann Der Är Tickets an d'Hal bezuelen a siche kommt. Sot eis dofir och Bescheed ob Der och Plazen am Bus braucht an op wéi een Numm.
 
E Samschdeg kann en eemolegen Dag ginn, dofir hëlleft den Dammen an Hären e weidere Schrëtt a Richtung Titel ze maachen!
 
Let's go!