Virverkaf Amicale-T71


06 May 2022

Eis Hären an Damme spillen e Sonndeg hier 3. resp. 2. Finale!

Fir den Härematch kënnt der ab elo är Tickets reservéieren.
Schreift eis dofir wéi gewinnt e Mail un reservation@t71.lu, mat der Unzuel Tickets déi der braucht. Wichteg: Pro Ticket w.e.g. 1 Numm uginn (an net einfach "Ech brauch 3 Tickets" oder "3 Tickets op mäin Numm" schreiwen).

De Präis ass 12€ fir Erwuessener, 8€ fir Studenten a Kanner ënner 16 Joer si gratis. Si brauchen awer en Ticket. Vergiesst also net jiddereen unzemellen. Studente mussen zu Steesel hier Studentekaart virweisen. Preziséiert och w.e.g. ob et en Ticket fir en Erwuessenen, e Student oder e Kand ass. Mir leeën iech en Ticket ob d'Säit, dofir spillt och dir w.e.g. no de Regelen a schéckt eis e komplette Mail.

D’Tickets musst der dann e Samschdeg tëscht 11h00 an 12h00 an d’Hal Grimler bezuelen a siche kommen. Des Kéier kann net am Virfeld bezuelt ginn.
 
Dann erënneren mer awer och nach emol un eis Dammen. Si spillen och e Sonndeg, um 18h00 zu Walfer! Zwar leien eis Dammen 1-0 vir, mee an sou eng verréckter Saison wéi der aktueller dierf een sech bei näischt zevill sécher sinn!