Interview with Olivier Loschetter (18.08.2017)

Wéi verbréngs de deng Summervakanz dëst Joer?

Meeschtens dobausse mat Kolleegen, ob elo einfach nëmme fir ze relaxen oder Basket spillen ze goen.
 
Wou gesäis de dech beruflech a 5 Joer?

Ech denken net oft un déi fern Zukunft. Eischter drun déi bësse méi no ass, also z.B. meng Schoul mol ofzeschléissen.

Wou hues de bis elo deng schéinste Vakanz verbruet?

Zu Bali.
 
Wéi bass de op de Basket komm?

Eigentlech weess ech dat net méi sou genau, ass och schonns laang hier wou ech ugefaangen hunn (Basketschoul). Mä ech menge mäin Brudder huet mech iwwerzeegt mam Basket unzefänken.
 
Wou gesäis de dech sportlech a 5 Joer?

Wéi gesot, ech kucken net sou wäit an d'Zukunft mä hoffen dass ech et an d'1. Equipe packen.
 
Wou leien deng Stärkten... a Schwächten am Basket?

Meng Stärkt ass dass ech menge Matspiller hëllefen wëll. Ech spillen am léiftsen als Equipe an haassen et wann een eleng spillt. Meng Schwächt ass dass ech mech schwéier dinn u ganz nei Saachen ze gewinnen, sierf et eng aner Spillweis vum Trainer oder eng nei Schosstechnik.
 
Wat wolls de schonns ëmmer eng Kéier um Terrain ausprobéieren, mä hues dech nach ni getraut?

Ech wollt schon ëmmer eng Kéier den entscheedende Schoss huele mä hunn dann awer zevill Angscht dass ech net treffen a meng Equipe verléiert.
 
Ween ass däi Lieblingsspiller & -equipe an der NBA? Zu Lëtzebuerg?

An der NBA ass Ricky Rubio an d'Minnesota Timberwolves. Zu Lëtzebuerg... den Nelly!
 
Wee war bis elo däi beschten Trainer?

De Brian Carroll.