Youth referees 2020/21


190966ddf02a9aff1e24c8ed14ab3e973a6b11_.jpeg
 
Members:
1st row: Noe Perrard, Dzejlana Beganovic, Julie Poncin, Neila Weidert, Len Guedes
 
2nd row: Pol Becker, Jeff Keller, Nils Schroeder, Gabriel Dos Santos, Dylan Caligo
 
Missing: Laura Hartmann, Mara Thein, Justin Ney, Leo Reinhardt, Denis Medjedovic

Arbiter ginn?

Wisou eigentlech Arbiter ginn?!
Virun allem wëll keng Basket-Competitioun ouni Arbiter stattfanne kann.
An dat gëlt fir quasi all Kategorien, vun de Prépoussins bis bei eis éischt Equippen.
 
Wee kann Arbiter ginn?
Jiddereen dee lizenzéiert bei eis ass kann Arbiter ginn.

Intressi? Da mell dech bei eis (t71@t71.lu)

Wisou Jugendarbiter? E puer Interviews

1.  Firwaat sid der Arbiter/Jugendarbiter ginn a wat war d'Motivation dat ze maachen?

Dzejlana Beganovic: Ech si Jugendarbiter ginn aus dem Grond wëll ech eng Kéier gefrot gi sinn op ech dat maache wéilt. Dunn hunn ech et probéiert an et huet mer gefall a Spaass gemat.

Neila Weidert: Eng Frendin vu mir hat viru mir ugefaangen an ech hun dat dann och wollte probéieren.

Tom Schroeder: Als alleréischt emol wëll ech nach ëmmer wollt kucken ob ech dat iwwerhaapt kéint, an den Zoufall et gewollt hat dass de Georges Wolzfeld mech no engem BASCOL‘s Match wou mär géintenee gespillt haten, gefrot huet ob ech mat him den "Project 10" giff maachen. Do hunn ech net laang missten iwwerleeën.

Et huet mär dunn och Spaass gemaach, an dunn hunn ech mech fir den Examen ugemellt.

Desweideren ass et fir mech och wichteg dass ech dem Club och dobäi hellefen hier Strofen doduerch ze miniméieren an indirekt dofir ka bäisteieren dass den Club Geld ka spueren.

Wëll ech och net méi esou vill um sportlechen Niveau maachen, ass dest och gutt fir meng Fitness.

Et ass och flott all Weekend ëmmer erem Leit erem ze gesinn déi ech kennen, resp. mat/géint déi ech fréier um Terrain gespillt hunn, an déi elo Trainer oder Elteren sinn.

Ausserdeem léieren ech och esou nei Leit (Coachen, Offizieller, Arbiteren) kennen.

Noé Perrard: Ech si Jugendarbiter ginn wëll mir huet et schon ëmmer Spaass gemat um Terrain ze stoen a Matcher ze päifen.

2. Wéi war et fir déi éischt Kéier um Terrain ze stoen an e Match ze päifen? Wéi war d'Gefill nom éischte Match deen der gepaff hutt?

Dzejlana Beganovic: Ma amfong geholl war ech déi éischt Kéier wierklech opgereegt mee dono war ech awer frou dass alles gutt gelaf ass.

Neila Weidert: Déi éischt Kéier war ech zimlech opgereegt an hu mech net direkt getraut villes ze päifen. Mee am Ufank päift een normalerweis mat engem mat dee méi Erfahrung huet, dowéinst ass dat dann net sou schlëmm.

Noé Perrard: Déi éischt Kéier war schon net sou einfach, wëll ech hat nach guer keng Erfahrung an hunn nach gezéckt beim Päife wëll ech nach Regelen net all kannt hunn a mer nach net ganz sécher war wat ech alles päife misst. Mee ech war da frou dass de Match trotzdem gutt gelaf war.

3.  Wéi ass et als Jugendlechen um Terrain ze stoen an e Match ze päifen?

Dzejlana Beganovic: Am Ufank hunn ech et wierklech schwéier fonnt wëll ech nach net wierklech wosst wéi dat alles geet, awer mat der Zäit hunn ech ëmmer méi bäigeléiert.

Neila Weidert: Et ass e groussen Ënnersched als Arbiter um Terrain ze stoe wéi als Spiller oder Spectateur. Et ass schon e gewëssen Drock op engem, mee no enger Zäit ass een am Match dran an et denkt een net méi dorunner.

Noé Perrard: Et ass schon net sou einfach als Jugendlechen um Terrain ze stoe wëll et ass en Ënnerscheed elo als Arbiter um Terrain ze stoen wéi elo als Spiller. Mat der Zäit gewinnt een sech drun.

4.  Wéi fillt et sech um Terrain un wann ee vun de Spiller oder Trainer gemeckert kritt?

Dzejlana Beganovic: Ech weess dann ni wéi ech drop reagéiere soll mee ech entschëllege mech da falls ech eppes falsch gepaff hunn.

Neila Weidert: Natierlech fillt een sech dann net sou gutt wëll et probéiert ee jo ëmmer säi Bescht ze man an en faire Match z’arbitréieren.

Noé Perrard: Natierlech fillt et sech net esou wuel un, mee aus deene Feelere léiert een an vu Match zu Match gëtt ee besser. Et probéiert ee jo ëmmer säi Bescht ze ginn an sou gutt an sou fair wéi méiglech ze päifen.

5.  Wéi gees du domat em wa Leit aus dem Publikum mat dir meckeren?

Dzejlana Beganovic: Also ech machen dat meeschtens esou wéi wann ech dat alles net héieren hunn a konzentréiere mech op de Match.

Neila Weidert: Et sollt een et einfach ignoréieren, konzentréiert bleiwen an dat päifen wat ee fir richteg hält.

Noé Perrard: Ech ignoréieren et einfach a konzentréiere mech op de Match a päifen dat wat ech fir richteg a fair halen.

6.  Géift dir et weiderempfeele fir Jugendarbiter ze maachen a wa jo, aus wéi engem Grond?

Dzejlana Beganovic: Ech géif et weiderempfeelen aus dem Grond wëll et wierklech Spaass mécht wann een d’Regele wierklech kennt.

Neila Weidert: Jo, ech géing et weiderempfeelen, wëll et eng gutt Méiglechkeet ass fir eng aner Perspektiv vum Match ze hunn an sech besser mat de Regelen auszekennen. Sou kann een och am eegene Match den Arbiteren hier Decisioune besser verstoen.

Noé Perrard: Jo, ech géing et weiderempfeelen wëll et eng gutt Saach ass an och eng gutt Méiglechkeet ass fir eng aner Perspektiv vum Match ze hunn wëll ee jo meeschtens als Spiller um Terrain steet an een net d‘Perspektiv vum Arbiter huet.