T71 UM CHRËSCHMAART

T71 Diddeleng

 🎄 Den T71 brauch DECH um Diddelenger Chrëschtmaart! 🏀🎄

Léif T71-Fräiwëlleger,

Och dëst Joer ass den T71 nees um Diddelenger Chrëschtmaart vum 11. (Freides) bis den 20. (Sonndes) Dezember mat engem eegene Chalet vertrueden! 🎅🧀🍷

Eise Chalet befënnt sech erëm op der selwechter Plaz ewéi d’lescht Joer.
Fir datt dëst nees en Erfolleg gëtt, brauche mir är Ënnerstëtzung! 

Wéini brauche mir Hëllef?
• Samschdes a Sonndes ab 14h
• An der Woch ab 16h
• bis 20h oder 21h, jee no Dag (Optioun 24h op de Freideger 11./18. Dezember)

Wéi leeft et of?
Mär schaffen an Ekippe vun 3–4 Persounen. Dir kënnt Iech gär mat Frënn oder anere Veräinsmemberen zesummendinn. 

Gitt eis am beschten e puer Deeg oder Zäiten un, wou Dir disponibel sidd. 

Eis Spiller a Spillerinnen aus den A-Teams wäerten eis och ënnerstëtzen.

Wat erwaart Iech?
Raclette mat Speck oder Bündnerfleesch, Glühwäin, Kannerpunsch, aner Gedrénks an natierlech eng super Ambiance mat Musek, gudder Laun a vill T71-Teamgeescht! 🎶🥳

Du bass dobäi?
Da mell dech sou séier wéi méiglech op volunteers@t71.lu a so eis:
• Wéini s du Zäit hues (Dag a Stonnen)
• Ob s du eleng oder mat enger Ekipp komme wëlls
• Mat wéi vill Leit dir dobäi sidd

Mir stellen duerno de Planning zesummen a ginn Iech all weider Informatiounen.

E grousse MERCI schonn am Viraus fir ären Asaz! 🙏

Ären T71-Kommitee

image