

De Comité vum T71 huet 2018 am Kader vu senger Generalversammlung der Associatioun Diddeleng Hëlleft e Cheque am Wert vun 1.000 € ausgestallt.

An Zesummenaarbecht mat Catch a smile hat d'Jugendkommissioun vum T71 Hygièneartikele gesammelt. An et ass richteg vill zesummekomm. MERCI!



En décke MERCI all den T71-Memberen an anere Leit déi um Season opening e léiwe Geste gemeet hu fir d'Associatioun Catch a smile an domadder Flüchtlingen zu Duinkerke (NL) a Calais (F) z'ënnerstëtzen!