Interview mam Thomas Grün/Gladiators Trier (07.09.2018)

“Eng Generalprouf fir eis”
 
Am Virfeld vum internationale JTC Euro Trophy (15. a 16. September am Hall Foos Grimler) hu mir eis mam Thomas Grün ënnerhalen. De Profi vun de Gladiators Trier schwätzt zwou Woche virum Start an déi nei Pro A Saison (2. Däitsch Liga) iwwert seng Roll an der Equipe, d’Ambitioune vun de Gladiators a seng Léierjoren beim SLUC Nanzech.
 
Thomas, dir start mat de Gladiators Tréier an ee puer Deeg an déi nei Saison. Wéi steet et ëm deng Form?
 
Fir mech perséinlech ass d’Virbereedung bis elo exzellent verlaf. Ech si säit den éischten Traininger Ufanks August vu Verletzunge verschount bliwwen a konnt sämtlech Testmatcher, an et waren der eng Jett (laacht) matspillen. Ech fille mech jiddefalls méi wéi prett fir déi nei Saison.
 
Du gees elo schonns an déi drëtt komplett Spillzäit mat de Gladiators. Kann een däin Engagement zu Tréier als absolute Glécksfall bezeechnen?
 
Wann ech op meng zwou Saisone bis elo zu Tréier zeréck kucken, sou kann ech effektiv méi wéi zefridde sinn. Natierlech sinn ech mir bewosst, dass ech mech nach a ville Beräicher weider entwéckele kann, mee ech hätt mir nimools erdreemt, dass ech sou séier ee festen Deel vun der Rotatioun géif ginn (knapp 20 Minutte pro Match lescht Saison) a souguer an der Starting Five géif stoen. Fir dës Saison hunn ech mir virun allem virgeholl an der Offense e bësse méi Verantwortung ze iwwerhuelen. Ech hunn nach ee Joer Kontrakt zu Tréier a wëll hei onbedéngt deen nächste Schratt a menger Entwécklung maachen. Den Niveau ass momentan genau deen, dee mech weider bréngt, ech hunn d’Vertraue vu mengem Trainer a menge Matspiller an ech fille mech richteg wuel.
 
De JTC Euro Trophy ass äre leschte seriéisen Test virun der neier Saison. Wa kënnen d’Spectateure sech vun ärem Optrëtt zu Diddeleng erwaarden?
 
De JTC Euro Trophy ass fir eis ouni Zweiwel eng Zort Generalprouf. Eis Saison fänkt den 22. September mat engem Auswäertsmatch zu Rostock un an ech denken net, dass eisen Trainer sou kuerz virdrun nach gréisser Experimenter mécht. An eiser Partie géint Nanzech (Samschdes 15. September um 15.15 Auer) an och am Plazéierungsmatch Sonndes wäerten d’Rotatioun an d’Systemer sécherlech déi si wéi dann och am éischten offizielle Match e puer Deeg drop.
 
Dir hutt mat de Gladiators déi lescht zwee Joer den Opstig an d’BBL jeeweils denkbar knapp verpasst. Wat ass dës Saison fir iech dran?
 
D’Qualifikatioun fir d’Playoffs (déi éischt 8 vun insgesamt 16 Equippe spillen ëm den Opstig) ass eist grouss Zil. Dono ass alles méiglech. Och wa mir déi zwee lescht Joer all Kéier ganz no drun um Opstig waren, sou géif ech net sou wäit goen a soen, dass mir et dës Saison onbedéngt packe mussen. Déi zweet däitsch Liga ass extrem ausgeglach, den Niveau no beieneen an et gi vill eemoleg BBL-Veräiner (Artland, Hagen, Tübingen) oder grouss Stied (Hamburg), déi opsteige wëllen. Donieft dierf een net vergiessen, dass et d’Gladiators Trier eréischt säit kuerzer Zäit gëtt. Viru véier Joer louch de Veräin komplett um Buedem an et war onkloer, wéi et iwwerhaapt viru géif goen. Ënnert deene Viraussetzungen waren déi zwou lescht Saisonen alles anescht wéi eng Selbstverständlechkeet.
 
Dir spillt e Samschdeg géint de SLUC Nanzech, eng Equipe bei däers du tëscht 2014-16 deng éischt Schrëtt um Profi-Niveau gemaach hues. E spezielle Match fir dech?
 
Déi zwee Joer zu Nanzech ware fir mech am Réckbléck extrem wichteg. Ech hu mech deemools geziilt fir Nanzech a géint eng Statioun bei engem amerikanesche College entscheet. E puer Joer drop sinn ech wierklech frou, dass ech dëse Wee gaange sinn. Zu Nanzech war d’Transitioun vum Jugendspiller zum Profi ideal. Ech hunn an der Jugendequipe vum SLUC gespillt an hu bei de Profien awer alles vum alldeegleche Geschäft matkrut. Dobäi koum, dass ech zum Schluss souguer nach meng puer Asäz an der éischter Equipe krut. E Samschdeg sinn definitiv e puer jonk Spiller beim SLUC dobäi, déi ech nach aus menger Zäit zu Nanzech kennen.