Interview with Tom Schumacher & Bob Kieffer (08.07.2007, DNR)

Bei mär sinn 2 Leit déi Basket spillen, daat schon éng gudd Zäit laang, se spillen fir den T71 Diddeleng, ob der énger Säit ass ët de Bob Kieffer graat emol 20 Joer jong 1 Meter 96 grouss, salut Bob... an den Tom Schumacher och vun Diddeleng, dén och fir den T71 Diddeleng spillt, 20 Joer jong, an 1 Meter 90 grouss. Salut Tom.

Bob: Salut.
Tom: Salut.
 
Jo, lëscht Joer de Vizechampionstitel gewonnen bei den Hären, an den Titel gouf et dann och bei den Espoirsmédercher an Jongen. Jo wéi ass daat, haat der domat gerechent, Tom.

Tom: Jo bon, kén huet dermat richteg gerechent datt mer esou weit giffe kommen, mer sinn lëscht Joer déi 5. ginn, mär haaten eis lëscht Joer virgeholl méi weit ze kommen, daat héscht ënner déi 4 éischt, an d’Halleffinal, waat mer och gepackt hunn, mer sinn bis an d’Final komm, leider nëtt de Champion gemaat, bon, bei den Espoiren si mer déi lëscht 2 Joer Champion ginn, do hu mer dann dëst Joer den triplé gemaat daat huet zimmlech gudd geklappt. Ganz Saison iwwer hu mer do ziemlëch konstant gespillt, a wa mer Samsdes mat den Espoirs gespillt hunn an Sonndes éischt ékipp dann ass d’éischt ékipp ëmmer virgaangen, dan hu mer Samsdes nëtt matgespillt.

Bob: Jo ëch mengen ët leit awer och do drun datt Espoirsékipp baal déi selwecht ass wéi d’éischt ékipp, ofgesinn vum Amerikaner a nach 2 Spiller, datt do déi selwecht Leit kënnen matenén spillen.
 
Jo daat mëcht vill aus, ginn ët dann 3 Begrëffer déi den T71 kënnen karakteriséeren.

Bob: Jo mer sinn immens motivéert, d’ass éng déck jonk ékipp, dofir all match ass jiderén motivéert, an Tom waat sés du derzou.

Tom: Jo, eist Spill ass e bëssen opgebaut datt mer schnell spillen, mer hun lescht Joer én Amerikaner kritt, de Chris Martin wou genau daat spillt waat mär e besse wollten, schnell, e schéisst gudd, bon mär hun elo nët extrém grouss Spiller mär hu vill Banten daat héscht eist Spill ass eben drop opgebaut datt mer ganz schnell spillen.
 
Dann hu der 2 mol an égener Haal gewonnen gehaat, géint Sparta, daat war den 14 Oktober lescht Joer 71-64 an den 23 Februar vun desem Joer 73-61, zou Bartreng dann och nach 80- 68 gewonnen gehaat, daat war den 29. März, an um Enn goung ët dann awer nëtt dur. U waat lung et dann dé leschte Freiden Owend do?

Tom: Ech muss emol vir d’éischt soen datt sie verdingt Final gewonnen hun, déi zwé mätcher zou Walfer an zou Diddeleng hun se eindeuteg besser gespillt, bon mär haaten natiirlëch é klengen Handicap wou eis am zwéte match eisen Amerikaner ëmgekneckst ass, hie konnt dono nëtt méi voll spillen, en haat nëtt méi seng Energie, e stung just nach do an huet geschoss en ass nëtt méi ronderëm gelaaf, ëch mengen herno huet sech eraus gestallt datt éng Sehn durch waar an e Stéck vun der Schank gebrach war..

Bob: Ëch muss och derbei soen datt mär an déne matcher nëtt méi esou als ékipp gespilt hunn, an datt mer nés an eisen aalen Déngen verfall sin, wou mer probéert hun mat Enzelaktiounen ze gewannen, an jo d’ass eben nëtt gaangen.

Tom: Jo mär si stark als ékipp, d’ass am Basket ëmmer esou daat huet Bartreng ganz gudd gemaat, de Larrie Smith huet natiirlëch alles eran geschoss an dénen zwé mätcher, mär hu nëtt méi esou richteg als ékipp gespillt, dofir hu mer héchst wahrscheinlëch och verluer..
 
Et gouf éng respektabel Léschtung, och sëcherlëch den Titelverdédeger Etzella Ettelbréck zwé mol no Verlängerung ze schloen.

Tom: Jo ëch mengen daat waren zwé ganz spannend mätcher, mir wossten wou Ettelbréck bis an der Halleffinal war datt ët ganz schwéer gëtt, well si haaten bis datt sie an den Final Four koum sinn e ganz schwéere Wé, si hätte missten do déi véer mätcher hannerenén gewannen, waat se dann och gemaat hunn, a mär wossten wéi se bis dra waren, well Ettelbréck ass ëmmer éng ékipp wou an déne wichtege mätcher ganz staark spillt, bon, dén éischte hu mer verluer, ganz klor och verdingt verluer, dén zwéten hu mer no Verlängerung gewonnen, glécklëch, bei dém match ass zimlëch vill um Terrain geschitt, déi 2 Amerikaner sinn erausgeflunn a bon, dun hun Lëtzeburger de mätch entschét, ëch mengen mer hun och do verdingt gewonnen.
 
Du séss elo graat Letzeburger hun de Match entschét, wéi wichteg ass dann elo en ami am cing de base.

Tom: Bon d’ass ganz wichteg, op jidde Fall e fitten Amerikaner am cinq de base ass ganz wichteg well wéi é gesinn huet, daat ass elo kéng excuse datt mer dowéinst de mätch verluer hun, mais wann én nëmmen én ami huet wou hallef esou fit ass dann ass ët natiirlëch nëtt esou einfach..

Bob: Ofgesinn vun dénen 2 mätcher géint Ettelbréck hu mer awer och d’chance gehaat datt mer én Teamplayer als Amerikaner kruuten, dass kén dé just op seng stats kuckt, mé et ass én dén vir d’éischt vir d’ékipp spillt an dann no senge stats kuckt a senge Punkten, an daat huet eis och vill bruet an en huet d’selwecht gespillt wéi mär, schnell..

Tom: Jo ëch mengen och bei eis ass ët extrem wichteg datt mer e gudden ami an der ékipp hun well mer eng ganz jonk ékipp sinn genau sou wéi bei Stésel. Jo daat ass ganz wichteg..
 
Et héscht eng bluddjong ékipp spillt en agressivt Tempospill, et gëtt dann och gemunkelt datt Stésel niewt dem T71 Zukunft gehéert.

Bob: Daat kann é nëtt esou soen, ët si genuch aner ékippen do wou wirklech staark sinn an d’huet e jo des Saison gesinn, jidderén huet géint jidderén gewonn, daat héscht ët war ké richtegen Favorit do, ët waren der wuel do, wéi Bartreng, awer et konnt jidderén géint jidderén gewannen an och verléeren.

Tom: Jo mer sinn alen zwou jonk ékippen ët muss én ëmmer dozou soen ganz ékipp muss zesumme bleiwen soss huet daat ganzt ké Wärt. Ech mengen Stésel huet vill Cadets’en wou elo do bei der éischter équipp mat trainéren wéi bei eis, de Bob an ëch sinn elo déi énzeg Cadets’en wou elo nach bei eis spillen, bei Stésel do si bestëmmt nach verschiddener déi wou ophaalen, an da geseit ët natiirlëch nëtt méi esou gudd aus.
 
Waat ass daat dann fir é Gefill esou jonk wéi der elo sidd schon Nationalékipp ze spillen

Bob: D’ass é Mégagefill, ëch mengen an der Jugend hu mer och schon Nationalékipp gespillt, mä des Saison ass fir mëch déi éischt Saison wou ëch konnt bei der Härennationalékipp matspillen an et war éng Méga Éier fir mëch wéi ëch do konnt matgoen.

Tom: Bon fir mëch war lescht Joer déi éischt Saison, fir mëch war ët och éng ganz grouss Éier, bon, d'lescht Joer do war ëch dé Jengsten do war ëch e klengen Rookie, do kruut ëch d’Hoer raséert, daat war natiirlëch nëtt graat esou flott mä dass natiirlëch éng grouss Eier fir d’Land ze spillen.
 
A bei de Spiller vun de klenge Länner hu dir 4 vu 5 Mätcher gewonnen gehaat am Juni, am Enn gouf ët dann éng Selwermedaille, eng tip top Léschtung fir déi dach jonk ékipp.

Tom: Bon, ëch giff scho soen datt ët éng gudd Léschtung war. Mär hun Zypern no langer Zäit erëm éng Kéer gepackt, géint Island hu mer verdingt verluer, vleicht nëtt graat op 30 Punkten mä mär hu verdingt verluer, mär si ganz zefridden mat eiser Léschtung, ëch mengen mär hun Selwermedaille och verdingt..

Bob: An och op dén Dengens hin dat eben den Alvin nëtt méi derbei war hun ëch fonnt datt eist Spill vill méi schnell ginn ass an datt ët, och am Ufank war eist Spill méi op hén opgebaut, an elo dodurch dass hé nëtt méi derbei war konnte mer, hu mär méi als ékipp gespillt an och méi schnell..

Tom: ët huet nëtt extrem geschued dat den Alvin nëtt mé derbei war.
 
du haas ët scho gesoot Tom där hätt elo no laangem nés éng Kéer géint Zypern gewonnen gehaat 86-83, daat war 1991 wou der fir lescht géint Zyprioten gewonnen haat, wéi ass dé match verlaaf gewiecht.

Bob: also et war e coole match hun ëch fonnt, den Tom giff ëch soen, huet do e Bommemätch gemaat an dén huet wirklëch, also ëch sutz déi éischt Minutt op der Bänk, ëch hun e besse nogekuckt, dén huet alles getraff, waat häls du vun déngem match Tom?

Tom: ja bon, dass emol no laangem nés eppes eragefall, bon déi aner mätcher hun ëch nëtt gud fonnt, bon dé mätch war ët natiirlëch gudd dass ëch e bessen getraff hun vir der ékipp ze hëllefen.
 
Dann ier der op Monaco gaange sidd haat der och Virberédungen op Spiller vun de klénge Länner, déi Virberédungen wéi waren déi dann verlaaf?

Tom: Bon mir haaten kéng grouss Virberédung op Spiller vun de klénge Länner well Saison laang gedauert huet, mer konnten nie richteg zesummen trainéeren, wéi Halleffinal war, do waren erëm déi Spiller nëtt derbei.

Bob: Do haate mer éng Woch Paus, an do hu mer direkt mam Training ugefaangen zu Lëtzeburg an do ier mer op Monaco gaange sinn ware mer nach zu Antibes, do haate mer do nach éng Woch Stage.
 
da waren daat elo är éischt Spiller déi der erliewt hut, wéi hudd der dann daat Sports Evenement erliewt?

Bob: : also ët war éng Megaaventure dohannen och d'Letzebuerger Delegatioun huet wirklëch Party gemaat an deck Stëmmung gemaat an et war wirklëch déi Delegatioun wou am méschten présent war hun ëch fonnt, och dat mer alleguer op éngem Boot waren, all d’Sportler op éngem Boot hun ëch eng gudd Iddi fonnt..

Tom: Et war natiirlëch flott datt ët fir eis déi éischte Kéer direkt zou Monaco war, esou éng Staat ze gesinn as ganz flott an eben daat ganzt Boot, daat war schon eng ganz aaner Atmosphère wéi einfach an éngem normalen Hôtel ze sinn..
 
Dobei hun ëch mer awer soe geloss datt Kabinnen relaiv kleng waren, war dat da ké Problém?

Bob: Mär haate Kabinnen déi waren bannen, daat héscht ouni Fenster, mär waren zu zwé dran, war wirklëch megakleng an dann haas de och nach déng sténkeg schung, zemols dem Eric Jeitz seng sténkeg Schung, an do haas de néierens Plaatz fir déng Saachen hin ze maachen, jo et war wirklëch enk..

Tom: Jo daat ass wirklëch daat énzegt wou den Alvin ka frou sinn datt e nëtt mat gaangen ass well en hätt wahrscheinlëch nëtt an déi Beter gepasst en hätt der missten zwé huelen.
 
Wéi waar der dann zefridden mat ärer égener Léschtung an deser Woch zu Monaco?

Bob: also déi Minutten wou ëch um Terrain stung hun ëch mei Bescht ginn, an ëch hun ëmmer versicht der ékipp esou vill ze hëllefen wéi ët gaangen ass, also daat wou ëch ze spillen kruut do hun ëch wirklëch mei bescht ginn.

Tom: Bon, ëch war mat ménger Léschtung nëtt esou zefridden, ofgesinn vleicht vum Zypernmatch, déi aner mätcher sinn ëch nie richteg an de mätch koum, hu nëtt richteg getraff, ëch war am Fong nët richteg zefridden mat ménger Léschtung.
 
mär schwetzen nach ëmmer iwwert de Basket, mär haaten iwwert den T71 riets, iwwert Nationalékipp, jo an déi zwé Hären déi hei am Studio sinn déi spillen schon eng hallef Éiwegkét Basket, Tom, Bob, zenter wéini si der amgaang

Bob: ëch hu mat 5 Joer ugefangen Basket ze spillen.

Tom: ëch mengen ëch hun och mat där ugefangen Basket ze spillen, daat war an der Babybasketschoul, do ware mer nach ganz kléng daat haat nët esou vill mat Basket ze din, ëch mengen mer sin einfach e bessen ronderëm gelaaf
 
An sollt ët vun Ufank un ëmmer Basket sinn waat der wollt spillen?

Tom: Bon, ëch hat och nach mat 10 Joer ugefaangen mat Tennis niewelanscht ze spillen, mé daat war nëmmen é Joer, wéi ët mam Basket e bëssen méi seriö gin ass do hun ëch domat opgehaalen.

Bob: Am Tennis war en nëtt esou gudd, do hun ëch emmer géint hien gewonnen, an dofir huet en och opgehaalen.
 
jo a wann én wéi där zwé Basket spillt da misst én jo am Fong geholl kéng Zäit méi hun fir aner Saachen oder wéi?

Bob: o dach bleiwt nach Zäit, am Moment hues de zwar all Dag Training, den Dag iwwer hues de awer Zäit fir aaner Saachen ze maachen.

Tom: bon, ët gét vill Zäit dropp, esou lues a lues gewinnt é sëch drun an da wéss én Zäit anzedélen.
 
A wat mëcht dann esou e Vollblutbasketspiller aus

Tom: Bon ëch méngen et muss én eben seriö sinn, muss én eben voll derbei sinn.
 
a sou, seriö muss é sinn, a jo Tom da gëtt gemunkelt du giffs éng Kéer wëllen méi weit goen wéi just op Letzebuerg.

Tom: Jo, ka sinn datt ëch éng Kéer an Amerika ginn, dëst Joer bleiwen ëch emol eng ganz Saison hei, mär probéeren Champion ze ginn. Waat duerno geschitt. daat kucke mer weider.
 
an du Bob hues du och Ambitionen?

Bob: ëch hu mär nach kéng Gedanken gemaat doriwwer ob ëch fort ginn oder nëtt, ëch maachen einfach emol déi nächst Saison an no der Saison kucken ëch weider.
 
Dir Hären jo, de Basket ass an sëch nach an der Paus an där spillt nach ëmmer Basket, dé leschte Weekend Stretball zu Diddeleng an dese Weekend spillt der op der Mess, Bob.

Bob: Jo, du hu mer é bëssen, daat huet Summer Hit gehéscht, do hu mer e puer mätcher gespillt, et war géint Mondorf an de Lampertsbierg, d’ass e bëssen wéi Streetball ouni arbiter an och ouni coach, 2 mol 15 Minuten, d’ass awer cool fir e bëssen esou ze spillen.
 
daat hécht där gidd es nie midd mat Basket?

Tom: d’ass ëmmer gudd éng Woch Paus ze hun, mé wann én dann schon erëm um Fernseh esou e Basketsmätch geseit, da wellt én natiirlëch direkt erëm ufänken.
 
Jo, an direkt erëm ufänken, am August do gét ët weider mat Basket an der Natonalékipp am September, Ausgang September dann nés de Championnat , wéi ass dann do chance fir nächst Saison?

Bob: ëch wéss ët nët, mé waat mer eis virgeholl un ass émol sécher fir de champion ze spillen, daat huele mer eis och all saison viir, giff ëch soen.

Tom: bon, ët si vill Transfère ginn daat héscht et si vill stark ékippen dëst Joer, bon, ëch mengen mär kucken als éicht émol Schratt fir Schratt, vu match zu match datt mer als éischt ënner déi sechs éischt kommen, dann an d’Halleffinal an da kucke mer waat méiglëch ass.
 
Wéi verléft dann esou éng Préparatioun op déi nei Basketsaison?

Bob: ma am Ufank ass emol vill, vill Konditioun, vill Laafen, Kraafttraining, esou individuell Saachen esou um Baskettrainng, an da gëtt ëmmer méi esou d’ékipp gekuckt.

Tom: Jo, am Ufank sinn ët eben all déi Saachen déi é während der Saison nëtt esou mécht, eben individuell, nëtt eben mat der ékipp trainéeren, mär trainéeren scho mat der ékipp, mé d’ass op alles énzel bezunn, bon, elo wann esou lues Frëndschaftsmätcher nés uginn da gëtt erëm méi Basket trainéert an méi d’ékippesystemer, an eben alles.
 
Da soen ëch äech villmols merci datt der koum sidd an esou vill Zäit haat, mär haate gesoot bis 12 Auer an elo ass ët halwer 1, also d’ass verréckt.

Tom: Därfe mer da nach éngem é Lidd wënschen?
 
Jo mär machen daat direkt hei.

Tom: Mär wollten da nach dem Fränk Müller é Lidd wënschen well hien dé gréissten Technofan ass wou mer kennen.

Bob: Jo mär soen him och ëmmer hie soll ophaalen mat dem Techno lauschteren, mä hie wëllt einfach nëtt, an dofir wollte mir him dann Lidd vu Scooter wënschen.
 
Där hutt mer gesoot e giff och nach Techno-Müller genannt ginn.

Tom: Jo, daat ass scho seit laangem, daat ass eben well en ëmmer esou baal wa mer eraus ginn, an kënnt dann én Techno Lidd dann drét en ëmmer komplett durch an dofir ass ët den Techno-Müller.

Bob: E wiert sëch géint dé Numm. E wëllt nëtt Techno-Müller genannt ginn mé mär nennen awer ëmmer esou, d’ass awer eise Kollég.
 
Also dann hei aus der Staat e schéine Bonjour un den Techno-Müller mat Scooter.
 
Opgeholl beim DNR, gelauschtert a getippt vum Marcel Schaeffer, an den Haaptrollen de Christophe Hochard (DNR), Bob Kieffer an Tom Schumacher (béid T71)