Interview with Tom Schumacher and Fränk Muller (01.06.2008, DNR)

Leschte Samsdeg de Championstitel kritt bei den Espoiren, am Fong verdédegt, 124 op 55 géint Bartreng, iwwerannt u sech?

Tom: Jo ëch mengen kann én esou soen datt mär se iwwerannt hunn, mär hu wierklech gudd gespillt, mär hun bal alles getraff am Ufank, ët war am Ufank wéi e Wonner.

Frank: Ëch denke net datt Bartreng eng schwaach Equip ass, ëch mengen sie hun och Spiller déi schon an der éischter Eqiip bewissen hun datt se Basket kënne spillen, mé leschte Samsdeg ware mir eso ze soen ze stark fir déi jonk Batrenger Equip. Ech mengen mir hunn och 3, 4 Spiller déi immens erfuer sinn och bei der Senior Equip spillen a mär hu se vun Ufank un regelrecht iwwerannt, no 6 Minutten ware mer schon iwwer 20, iwwer 25 Punkte vir an, jo an dann ass et schwéer fir Bartreng do zeréck an de match ze kommen.
 
War och vläicht d’Erklärung dofir well dir 2 elo am Summer Letzebuerg verlosst an domatt den T71, an dann an d’Ausland gitt, méi gené an States, war daat da vläicht méi motivant fir äech doduercher.

Tom: Also jo ëch mengen mär sinn, de Fränk an ëch sinn extrém motivéert nach an dé leschte Mätch gaangen, mär hun eis gesoot mär ginn nach eng Kéer alles an natierlech ass én fir dé leschte Mätch fir de Verein ganz, ganz héich motivéert.
 
Elo gét ët dann an States, wohinner gét ët gené do?

Fränk: Ët gét a Kalifornien, genau gesoot op Saint Luis Obispo, daat ass ziemlëch an der Mëtt teschend San Franzisko an Los Angeles.
Tom: Jo an d’Uni selwer héscht Cuesta College.
 
Jo an da bei dëch Tom, bei dir war ët schon e besse méi laang geplangt fir fort ze goen

Tom: Jo, natiirlech war et bei mär méi laang geplangt, jo vu mär selwer war et méi laang geplangt, ëch probéeren schon déi lescht 2 Joer fort ze goen an elo hu mer ët dann endlech gepackt, d’ass och genau so gudd datt mer méi laang gewaart hunn, well ëch wéss nëtt op de Frank schon lescht Joer mat mär matgaange wär, hien ass elo dest Joer ready fir mat an States ze goen
 
Ma Bill waat huet dann bei där den Ausschlag ginn fir dann elo wëllen do mat ze goen

Fränk: Mé den Tom dé stung do am Kontakt mam Trainer vun der Uni wou mer elo hinner ginn an den Trainer huet nach e Spiller gebraucht an do huet den Tom hén iwwert mëch informéert datt ëch awer kapabel sinn e bessen ball-balla ze maachen, jo an do ass daat esou zu staane koum, de Coach huet mëch kontaktéert, ëch hun zeréck geschriwwen, ëch hun e Video gescheckt vu mär, hén huet sech um internet renseignéert iwwert méng Stärkten meng Schwächten, jo an du ass daat do zoustaane koum, an do bis zum Ufank vum Joer zimlech kloer war datt mär 2 dohinner giffe goen, waat natiirlëch agréable ass mat sengem beschte Kollég dé riese Schrëtt do ze woen
Tom: Merci, merci Fränk.
 
Wéi kënnt et dann zu esou engem Kontakt

Tom: Bei mär waar daat ganzt en Zoufall, ëch war virun 3 Joer op der U18 Qualifikatioun mat der Nationalékipp jo an do waren dann esou weit ëch wéss e puer sogenannte Scouten an e puer Dég no dém Tournoi kruut ëch dann 2 , 3 e-mail vun esou Agenten, wann én daat esou nenne kann jo déi haaten dann Angeboter fir an Europa irgenwéi spillen ze goen, mé do soot ëch awer ëch willt fir d’éicht an Amerika goen an dann wann sëch Méiglëchkét ergëtt dann zeréck an Europa ze kommen, jo esou ass daat lues a lues lassgaangen, an dann hun ëch nach mam Peter Rajnak an Martin Rajnak well déi och do studéert hunn hun déi och gudd Kontakter an Amerika, déi hu mer do och weider gehollef, jo esou ass daat dann lues a lues zestaane koum.
 
A wéi geseit de Programm elo dohannen aus, wievill Training, wivill Schoul.

Fränk: Mä stinn elo zimmlech gudd am Kontakt mam Coach, hien informéert eis wöchentlëch waar dohanne léft. Et geseit elo emol esou aus datt mer Mëtt August dohinner fléen an eng zinmlëch haart Preparatioun matt maachen, do eis physech op déi Saison virberéden an jo an da muss é kucken. Saison ass nët ganz esou laang wéi hei a Letzebuerg mé dofir ass se méi intensiv daat héscht ët huet en e puer Mätcher an der Woch. Waat genau elo den Dagesoflaaf ass wesse mer nach nët, mer wësse just datt ët awer ziemlëch sauer wärt ginn déi éischt puer Wochen.
Tom: jo wéi de Fränk scho gesoot huet, Staat héscht Sain-Luis Obispo, d’Uni selwer héscht Cuesta College a wéi daat eben bekannt ass dohannen do représentéers de deng Unis Basket Ekipp, déi héscht Cuesta Cougars.
 
Waat sin elo d’ambitiounen fir an States ze goen, waat erhofft der äech do a wéi laang bleiwt der do hannen

Fränk: Mär bleiwen emol 1 Joer do an da probéere mer vleicht bei méi enger grousser Uni e volle Stipendium ze kréen, d’Ambitioune mengen ëch si kloer, eis basketballerech ze verbesseren awer insgesamt och eng flott Liewenserfahrung ze maachen, ëch mengen d’ass di éischte Kéer wou mer an d’Ausland studéere ginn, an d’Ausland Basket spille ginn, jo d’ass e komplette Changement zum Liewen hei a Letzebuerg ëch mengen d’ass fir den Tom a mëch eng immens grouss Erfahrung an eng immens grouss Chance fir daat positiv of ze schléissen.

Tom: Jo ëch mengen, fir mech och ganz wichteg Liewenserfahrung, sech wierklech weider ze entweckelen, gëtt natiirlëch schwéer fir d’Famill, d’Kollégen an alles hannert sëch ze loossen mé awer wann én hei ands do weider wëllt kommen da muss é Saachen zeréck loossen, ëch mengen mer loossen se jo nëtt zereck, mir kommen jo irgendwann erëm. Wa sech d’Méiglëchkét soll erginn fir no dénen 4 Joer professionnell spillen ze goen da notzen ëch déi chance. Ëch ginn emol vleicht kucken a wa nëtt da kommen ëch nés zereck bei den T71.
 
Zereck op Diddeleng oder awer vleicht an d’Ausland bei eng aner Equipe goen

Tom: Jo awer wann daat wirklech nett sollt klappen, da kommen ëch secher bei den T71 zeréck a nëtt zwuesch anescht an Letzebuerg.
 
An du Bill

Fränk: Jo muss é natiirlech kucken wéi daat sech entweckelt an Amerika, vleicht ass ët jo nët daat waat mer eis virgestallt hunn, da komme mär vleicht schon no enger Saison zeréck waat den T71 giff fréen. Wa mer 4 Joer do giffe bleiwen an d’giff sech ubidden eng Kéer professionnel Basket ze spillen mengen ech da wär et flott déi Chance ze réaliséren. D’ass natiirlëch schwéer als Profi mam Basket séin Liewensënnerhalt ze verdingen mä dofir, ëch sinn dofir zimmlëch réalistech an ëch probéren einfach an Amerika mëch esou weit wéi méiglëch ze verbesseern an dann zeréck ze kommen an dann hei a Letzebuerg gëtt ët just é Club fir mëch an daat ass den T71 Diddeleng
 
Loos mer daat emol esou am Raum stoen, de Reckbleck op Saison gemaat dann hannerloost där zwé awer emol e grousst Lach beim T71 Diddeleng

Fränk: Grousst Lach ass méngen ëch ass nach zimlech ënnerdriwwen data ass scho gigantesch data Lach waat den Tom an ëch hanner loosen
 
Kenne mer vun engem Krater schwetzen

Fränk: Absolut. Wéi ass ët ze erklären. Déi Fro hu mer schon oft gestallt kritt, natiirlech ass se berechtegt, mär waren e bessen satisfeséert am Ufank vun der Saison mär hu geduet daat giff vum selwe goen a wann s de eng Kéer an der Final wars da kënn s de automatesch nach éng Kéer dran, anscheinend ass daat nët esou, daat hu mer alleguer geléert, daat huet de Schluss vun der Saison gewissen wou mer mat engem positive Bilan op gehaalen hun, déi 6 lescht Mätcher hannenenén gewonnen hunn

Tom: Jo ëch mengen waat én elo och ka soen, och wa mär 2 elo fort ginn, elo si vleicht aaner Spiller déi sech nët esou vill getraut hunn wéi do wou mär nach do waren déi elo aus sech eraus ginn, an ëch mengen mir hun e puer Talenter an eiser Equip a wann se daat Talent emsetzen an de Mätcher an an déne Saachen wou ët wichteg ass, da stellt sech hanneno vleicht nett eraus datt e Lach haaner looss gin ass.

Fränk: Ech denke mär hunn genuch jonk talentéert Spiller, daat huet och ...

Tom: d’Espoirsfinall

Fränk: gewissen, eise 4. Champion hannenenén bei den Espoirs gewissen
 
Mëtt August gidd der elo fort, ass do virgesinn fir do virdrun nach eng grouss Ofschlossparty ze maachen oder wéi leeft daat of, déi lescht Dég ir der dann en de Flieger wärt klammen fir fort.

Fränk: Elo probéren mer eis esou gudd wéi méiglëch a Form ze haalen datt mer och top preparéert dohannen an Amerika ukommen. Waat natiirlëch elo nach muss gemaat ginn, déi lescht Klengegkéten ze klären, wou genau wunnt én, waat wellt én genau studéeren mé daat wärt sech an de nächste Wochen definitiv erledigt hunn a mär sin och am Kontakt mam Coach a mat der Schoul an zu dénger Fro mat der Party, natiirlech schmeisse mer eng rieseg Sause a Christophe Hochard du bass härzlëch agelueden daat gët nach eng Kéere e flotten Ofschloss mat all eise Kollégen

Tom: an en trauregen

Fränk: an der ganzer Famill
 
Wéi ass dann elo Konkurrenz dohannen, wievill där Spiller si nach do déi interesséert sinn fir do Fouss ze faassen, zemols wann én als Auslenner kënnt, als Letzeburger et sinn där jo nët esou vill déi chance kréen fir dohannen Fouss ze faasen

Fränk: Jo, dass natiirlech schweer wann s de als Auslänner an e friemt Land kënns ëch mengen Konkurrenz ass bestemmt grouss dohannen, mär hun och mam Trainer dohannen geschwaat, et komme nach e puer aner europäesch Spiller dohinner, mär 2 Letzebuerger den Tom an ëch, e Spunier, e Belsch, 2 Schweden, jo ëch mengen et wärt schon en haarden Konkurrenzkampf dohanne ginn mä ëch mengen du wiess un den „Herausforderungen“ an du gess ëmmer besser wann s de gudd Konkurrenten hues dofir ëch sinn och just esou gudd ginn wéinst dem Tom, well ëch mëch ëmmer mat him gemooss hunn.

Tom: jo ëch well dozou soen ëch mengen du gés jo och dohinner fir datt de Gegner nach méi stark gët an d’ass de nach mat bessere Spiller trainéers soss

Fränk: nach besser wéi den Tom, nach besser

Tom: kann s de dech nët weider entweckelen

Fränk: waat baal nët méiglëch ass

Tom: soss kann s de dech nët weider entweckelen an dann hätt ët jo guer ké Wert dohanner hinn ze goen

Fränk: ma jo ëch wollt dem ganzen T71 merci soen fir déi flott Joeren hei, a natirlëch beim T71 gehéert den Teammanager och dozou, ma dann zum Schluss just wollte mer nach jidderengem merci soen hei am letzbuerger Ländchen vu datt mer jo elo den August wärten fort goen mer wärten äech alleguer zimmlëch vermessen ganz Letzebuerger Basketwelt a virun allem déi Diddelenger eis Diddelenger Basketwelt, all senge Memberen dem Comité all sengen Equippen vun de Fans, vir allem e grousse Merci un Fans, un T71 Drummers, awer och un déi aaner, d’Elteren all eis Kollégen a natiirlëch e grousse merci un den Tom Schumacher dé schon seit Joeren e gudde Kollég vu mär ass a mat dém ëch mëch fréen dé grousse Schrëtt an Amerika ze woen. An da nach eng Dédication un de man: ...men Kieffer, men Philippe, men Trüffel, men Bänki, men clochard, men baba, men Fredi, men Christophe, men Goergen, an och merci Carsten fir déi flott 4 Joer zou Diddeleng an Susza och, an de Jemp Schumacher och.