1. Firwaat sid der Arbiter/Jugendarbiter ginn a wat war d'Motivation dat ze maachen?
Dzejlana Beganovic: Ech si Jugendarbiter ginn aus dem Grond wëll ech eng Kéier gefrot gi sinn op ech dat maache wéilt. Dunn hunn ech et probéiert an et huet mer gefall a Spaass gemat.
Neila Weidert: Eng Frendin vu mir hat viru mir ugefaangen an ech hun dat dann och wollte probéieren.
Tom Schroeder: Als alleréischt emol wëll ech nach ëmmer wollt kucken ob ech dat iwwerhaapt kéint, an den Zoufall et gewollt hat dass de Georges Wolzfeld mech no engem BASCOL‘s Match wou mär géintenee gespillt haten, gefrot huet ob ech mat him den "Project 10" giff maachen. Do hunn ech net laang missten iwwerleeën.
Et huet mär dunn och Spaass gemaach, an dunn hunn ech mech fir den Examen ugemellt.
Desweideren ass et fir mech och wichteg dass ech dem Club och dobäi hellefen hier Strofen doduerch ze miniméieren an indirekt dofir ka bäisteieren dass den Club Geld ka spueren.
Wëll ech och net méi esou vill um sportlechen Niveau maachen, ass dest och gutt fir meng Fitness.
Et ass och flott all Weekend ëmmer erem Leit erem ze gesinn déi ech kennen, resp. mat/géint déi ech fréier um Terrain gespillt hunn, an déi elo Trainer oder Elteren sinn.
Ausserdeem léieren ech och esou nei Leit (Coachen, Offizieller, Arbiteren) kennen.
Noé Perrard: Ech si Jugendarbiter ginn wëll mir huet et schon ëmmer Spaass gemat um Terrain ze stoen a Matcher ze päifen.
2. Wéi war et fir déi éischt Kéier um Terrain ze stoen an e Match ze päifen? Wéi war d'Gefill nom éischte Match deen der gepaff hutt?
Dzejlana Beganovic: Ma amfong geholl war ech déi éischt Kéier wierklech opgereegt mee dono war ech awer frou dass alles gutt gelaf ass.
Neila Weidert: Déi éischt Kéier war ech zimlech opgereegt an hu mech net direkt getraut villes ze päifen. Mee am Ufank päift een normalerweis mat engem mat dee méi Erfahrung huet, dowéinst ass dat dann net sou schlëmm.
Noé Perrard: Déi éischt Kéier war schon net sou einfach, wëll ech hat nach guer keng Erfahrung an hunn nach gezéckt beim Päife wëll ech nach Regelen net all kannt hunn a mer nach net ganz sécher war wat ech alles päife misst. Mee ech war da frou dass de Match trotzdem gutt gelaf war.
3. Wéi ass et als Jugendlechen um Terrain ze stoen an e Match ze päifen?
Dzejlana Beganovic: Am Ufank hunn ech et wierklech schwéier fonnt wëll ech nach net wierklech wosst wéi dat alles geet, awer mat der Zäit hunn ech ëmmer méi bäigeléiert.
Neila Weidert: Et ass e groussen Ënnersched als Arbiter um Terrain ze stoe wéi als Spiller oder Spectateur. Et ass schon e gewëssen Drock op engem, mee no enger Zäit ass een am Match dran an et denkt een net méi dorunner.
Noé Perrard: Et ass schon net sou einfach als Jugendlechen um Terrain ze stoe wëll et ass en Ënnerscheed elo als Arbiter um Terrain ze stoen wéi elo als Spiller. Mat der Zäit gewinnt een sech drun.
4. Wéi fillt et sech um Terrain un wann ee vun de Spiller oder Trainer gemeckert kritt?
Dzejlana Beganovic: Ech weess dann ni wéi ech drop reagéiere soll mee ech entschëllege mech da falls ech eppes falsch gepaff hunn.
Neila Weidert: Natierlech fillt een sech dann net sou gutt wëll et probéiert ee jo ëmmer säi Bescht ze man an en faire Match z’arbitréieren.
Noé Perrard: Natierlech fillt et sech net esou wuel un, mee aus deene Feelere léiert een an vu Match zu Match gëtt ee besser. Et probéiert ee jo ëmmer säi Bescht ze ginn an sou gutt an sou fair wéi méiglech ze päifen.
5. Wéi gees du domat em wa Leit aus dem Publikum mat dir meckeren?
Dzejlana Beganovic: Also ech machen dat meeschtens esou wéi wann ech dat alles net héieren hunn a konzentréiere mech op de Match.
Neila Weidert: Et sollt een et einfach ignoréieren, konzentréiert bleiwen an dat päifen wat ee fir richteg hält.
Noé Perrard: Ech ignoréieren et einfach a konzentréiere mech op de Match a päifen dat wat ech fir richteg a fair halen.
6. Géift dir et weiderempfeele fir Jugendarbiter ze maachen a wa jo, aus wéi engem Grond?
Dzejlana Beganovic: Ech géif et weiderempfeelen aus dem Grond wëll et wierklech Spaass mécht wann een d’Regele wierklech kennt.
Neila Weidert: Jo, ech géing et weiderempfeelen, wëll et eng gutt Méiglechkeet ass fir eng aner Perspektiv vum Match ze hunn an sech besser mat de Regelen auszekennen. Sou kann een och am eegene Match den Arbiteren hier Decisioune besser verstoen.
Noé Perrard: Jo, ech géing et weiderempfeelen wëll et eng gutt Saach ass an och eng gutt Méiglechkeet ass fir eng aner Perspektiv vum Match ze hunn wëll ee jo meeschtens als Spiller um Terrain steet an een net d‘Perspektiv vum Arbiter huet.
English version
1. What made you decide to become a (youth) referee? What motivated you?
Dzejlana Beganovic: I became a youth referee because someone once asked me if I wanted to try it. I gave it a go — and I ended up really enjoying it.
Neila Weidert: A friend of mine started before me, and I thought it sounded interesting, so I wanted to try it too.
Tom Schroeder: At first, I just wanted to see if I was capable of doing it. By coincidence, after a BASCOL match where we played against each other, Georges Wolzfeld asked me if I wanted to join him on the “Project 10.” I didn’t have to think twice.
I enjoyed it right away and soon signed up for the referee exam.
It’s also important to me to help my club — by refereeing, I can help reduce fines and, indirectly, help the club save money.
Since I’m not so active as a player anymore, refereeing also keeps me fit. And it’s great to see familiar faces every weekend — people I used to play with or against, who are now coaches or parents.
Plus, I get to meet new people too — coaches, officials, other referees.
Noé Perrard: I’ve always loved being out on the pitch, and refereeing matches just seemed like a natural fit for me.
2. How did it feel the first time you stood on the pitch to referee a match? And how did you feel afterward?
Dzejlana Beganovic: The first time, I was honestly really nervous. But afterward, I was relieved and happy that everything went well.
Neila Weidert: I was pretty nervous too and didn’t dare blow the whistle much at first. But usually, when you start out, you’re paired with someone more experienced, which helps a lot.
Noé Perrard: My first match definitely wasn’t easy — I had no experience and hesitated a lot because I didn’t know all the rules yet. But in the end, I was happy that the game went smoothly.
3. What’s it like as a young person to be on the field refereeing a match?
Dzejlana Beganovic: At the beginning, I found it really hard because I didn’t fully know how everything worked. But with time, I learned more and more.
Neila Weidert: It’s completely different to stand on the field as a referee rather than as a player or a spectator. There’s definitely some pressure, but once you get into the flow of the game, you stop thinking about it.
Noé Perrard: It’s not easy at first, because it’s such a different experience from playing. But you get used to it over time.
4. How do you feel when players or coaches complain about your decisions?
Dzejlana Beganovic: I never really know how to react, but if I’ve made a mistake, I apologize.
Neila Weidert: Of course, it doesn’t feel good — you’re trying your best to do a fair job and make the right calls.
Noé Perrard: It’s not a nice feeling, but you learn from those moments. With each match, you get better. You just try to give your best and referee as fairly as possible.
5. How do you handle it when people in the stands shout or complain
Dzejlana Beganovic: Most of the time, I just act like I don’t hear it and keep my focus on the game.
Neila Weidert: You just have to ignore it, stay concentrated, and trust your own judgment.
Noé Perrard: I ignore it too and just focus on the match — calling things the way I think is right and fair.
6. Would you recommend becoming a youth referee? Why or why not?
Dzejlana Beganovic: Yes, definitely — it’s a lot of fun once you really know the rules.
Neila Weidert: Yes, I’d recommend it. It’s a great way to see the game from a different perspective and to really understand the rules. It also helps you appreciate the referees’ decisions when you’re playing yourself.
Noé Perrard: Absolutely. It’s a great experience and gives you a completely new view of the game. As players, we usually only see one side — refereeing lets you see the whole picture.